Iwwer eis

Baner

Wann eng Famill fir Famille baut…

…dat ännert alles. CREAHAUS, dohannert stécht net nëmmen d’Famill Olmedo, déi d’Firma schonn zanter 30 Joer leed, mee virun allem och eng grouss Famill vu Mataarbechter.

Wa mir ee Projet ufänken, denke mir ëmmer un dës Besonneschkeet. Mir hunn eng laangfristeg Visioun an ee Projet hält fir eis net op, wa mir de Schlëssel ofginn. Mir ginn dovunner aus, dass dat nëmmen eng Etapp vu villen ass, well hei gëtt den Dram vun eise Clientë Realitéit. Mir begleeden eise Keefer wärend dem gesamten Entscheedungsprozess, vum Bau bis bei d’Iwwerreechung vum Schlëssel. Fir dass Äre Projet perfekt ofleeft, passe mir op all Detailer op, och op déi, déi een net gesäit.

Jidderee benotzt déiselwecht Produkter fir ze bauen, mee eis Léift zum Detail an eis Erfarung maachen ee groussen Ënnerscheed. Wann ee Projet gutt geplangt gëtt, d’Ofleef kloer sinn, déi extern beoptraagt Firmaen Erfarung hunn an ënnerstëtzt ginn, da kënne mir eis Zäit an Energie dorop konzentréieren, op all klengen Detail opzepassen, deen Är Wunneng eenzegaarteg a perfekt mécht.

Vill Clienten hu schonn hiren zweeten oder souguer drëtte CREAHAUS-Projet ugefaangen, an et gëtt näischt, wat eis méi houfreg mécht, wéi ee Client, deen erëm bei eis zréck kënnt an dee mir voller Vertrauen an alle Liewensofschnëtter begleeden dierfen.